Bei Kaffi a Kuch hunn e Méinden de Moien e puer pensionéiert Proffen eise Schülerinne vun der IIe A Anekdoten aus hirer Zäit am LCE verzielt. Eenzelner vun hinnen hunn net nëmmen enseignéiert, mee si ware selwer och Schüler an eisem Lycée. Andächteg hunn eis Schülerinnen nogelauschtert a fläisseg Notize geholl, well déi Spiichte solle vun hinnen als Anekdoten an eiser Chronik publizéiert ginn. Mir si lo schonns gespaant op hir Texter. Leider musse mir eis awer bis den Oktober gedëllegen, well den ANNO 13/14 da réischt erauskënnt.