Den 13. Februar 2014 sënn d’ Championnater am Schwammen an der Stad um Geesseknäppchen ausgedroe ginn.

Den LCE war mat 9 Schwëmmer gutt vertrueden, a konnt sech vu 16 Lycéeën am Medaillespijel eng gutt 5. Platz sécheren.

De Pol MANNES (3x Gold), den Oliver GORGES (1x Sëlwer, 1x Bronze) an den Daniel HERSCHBACH (1x Sëlwer, 1x Bronze) hu sech gutt vis-à-vis vun der staarker Konkurrenz behaapt.

Folgend Schüler aus dem LCE hu weiderhin um Championnat am Schwammen deelgeholl an och eng super Leeschtung gewisen: Lynn CLASSEN, Melanie FETZ, Oliver GORGES, Imani HENRY, Daniel HERSCHBACH, Pol MANNES, Olivier MICHIELS,  Lena SCHRÖDER, Théo SIMMONDS.

Coach: Jan Mikeska