Am Kader vun dësem Projet sinn d’Schüler aus der Optioun « Atelier photographique digital » amgaang hire photographesche Bléck op „verstoppte“ Plazen an Iechternach ze riichten.
An deem Kontext hu si de « Moulin Dieschbourg » op Lauterbour-Halte besicht.
No enger kuerzer Aféierung iwwert d’Geschicht vun der Millen an déi zum Deel historesch Produktiounsanlagen konnte si hirem kreative Bléck fräie Laf loossen. Traditiounsräich Maschinnen mat hire Pouliessystemer, déi zum Deel nach aus Holz bestinn, bidden dem Photograph eng faszinéierend Motivvielfalt.






Adresse:
+352 72 87 15 - 1
Email: