D' Schüler vun den 9ièmen aus dem LCE sinn an der Woch vum 13. op de 17. Januar op eng Visite an d’Maison de l’Orientation ageluede ginn.

No enger kuerzer Presentatioun vum “BIZ” a senger Roll an der Orientation Professionnelle an engem Iwwerbléck iwwert d’Situatioun um lëtzebuerger Aarbechtsmaart, haten d’Schüler d’Geleeënheet fir iwwert hir berufflech Projeten an déi domat verbonnen Orientatioun ze schwätzen.

Uschléissend konnte si op de Computere Recherchen zu deenen eenzelne Formatioune maachen an haten d’Méiglechkeet hir spezifesch Froen zu deene verschiddenen Themeberäicher ze stellen.