Et ass schonn eng Traditioun ginn! Vum klassesche “Salon de l’Orangerie” mat den Theme “Wanter a Chrëschtdag” bis zur aktueller Chrëschtparty treffe sech zënter Joere Schüler vun den ënneschte Klassen am Keller vun der Orangerie fir den Ofschloss vum 1. Trimester bei agreabeler Chrëschtambiance ze feieren.

Chrëschtlidder, Gedichter a Sketcher hunn am Ufank vun der Soirée op eng méi besënnlech Manéier an d'Chrëschtzäit agestëmmt. Duerno ass d’Partystëmmung mam DJ Lou Osweiler ganz spontan opkomm. Bei gudder Laun mat Kuch a Gedrénks hu Schüler, Professeren an Elteren e puer flott Stonnen zesumme verbruecht. Den Erléis vum Owend war bestëmmt fir a Projet an Nicaragua vun der ONGD Sonflora.

Alles wat hei gebuede gouf koum aus hauseegener Produktioun - den Dekor vun der 7O2, d’Lidder vun de 7ièmen O3 an O4, d’Gedichter a Sketcher virgedroe vun den Nouveaux-Nez Epternaciens a vum Lena Wagner. Den DJ Lou Osweiler huet fir de Partysound gesuergt. E grousse Merci un d’Dame Catherine Goedert, Danielle Hoffelt a Magali Weber an un d’Häre Laurent Karels, Henrique Paulos an Edy Sasset fir d’Aprouwen, d’Organisatioun an d’technesch Assistenz vun dëser Feier. D’Schüler vum Groupe “Sonflora” aus dem LCE hu groussen Asaz bewisen - no dräi Deg Chrëschtmaart hu si och nach de Catering an d’Tombola vun dësem Owend assuréiert.