Den 28. November 2013 huet europawäit vun 10-12 Auer den Iwwersetzungsconcours ‘Juvenes translatores’, organiséiert vun der Europäescher Kommissioun, stattfonnt. Den LCE war eng vu 6 ausgewielte lëtzebuerger Schoulen, wou all Kéier maximal 5 Schüler, déi 1996 gebuer sinn, konnte matmaachen. D’Schülerinne konnten d’Ausgangs- an d’Zilsprooch am Viraus wielen; als eenzegt Hëllefsmëttel ware gedréckten Dictionnairen erlaabt. Fir den LCE hunn 4 Schülerinne vun der IIe A deelgeholl: Claudia Carvalho da Silva, Lynn Schüssler, Naema Sinner, Sandra Trienekens. D’ Resultater kommen am Februar 2014 eraus.