Den LCE war mat 2 Equipe beim Streetball-Championnat fir Juniors/Seniors mixte vertrueden. Dëse Championnat ass de 7. November 2013 am Athénée de Luxembourg ausgedroe ginn.

Et hu gespillt:

am Team A:   Bellwald Yasmine, Lahyr Jon, Mertes Axel a Rischette Christophe

am Team B:   Audenarde Sébastien, Burelbach Félix, Giver Sam, Henkes David a Wagener Jeanne-Marie 

D’Team A huet sech op d’5. Plaz, an d’Team B op d’23. Plaz ënnert 25 Konkurrente klasséiert .