Liesconcours | Lycée classique d'Echternach
OUVERTURE - ENCADREMENT - EFFORT

Liesconcours



Liesconcours 2017

Nodeems vill Schüler am Kader vum Liesconcours (Thema: “E Buch mécht Karriär zu Hollywood”) eng Aarbecht ofginn hunn, stinn elo d’Gewënner fest.

An der Division supérieure dierf sech d’Marie Chelius iwwer e Reesbong am Wäert vun 300 € freeën.

Déi zweete Platz deelen sech d’Laura Krippes an d’Lena Schiling.

Platz dräi a véier gi jeeweils un d’Anna Santurbano an d’Hannah Schmit.

An der Division inférieure konnt d’Lee-Ann Lichtenberger mat senger Aarbecht iwwerzeegen a kritt dofir als éischte Präis een E-Book Reader.

Mat him um Podium stinn op Platz zwee d’Claire Poorters an op Platz dräi d’Claire Grzybek.

Déi offiziell Präisverdeelung fir d’Gewënner alleguer ass den 11. Juli um Schoulfest EXIT17.