Vum 6ten op de 7ten Oktober haten eis Septimaner vun de Klassen 7O1, 7O2 a 7ST1 d’Geleeënheet fir sech, hir Klassekollegen an hir Professeren op hirem “Stage Découvertes” besser kennenzeléiren. Den éischten Dag hu si sech mat verschiddenen Aspekter vum “LCE Leitbild - de Bam” an hiren normale Couren auserneegesat. No der Schoul hu si un engem Rallye duerch Iechternach deelgeholl. Zesumme mat hire Regenten an engem Team vun Enseignanten konnten dës Klassen u verschiddenen Aktivitéiten deelhuelen wéi Lagerfeier, Kloteren, Flashmob an New Games. Am Kader vun enger sympathescher Ofschlossfeier hunn eis “nei” Septimaner fir hir Elteren a Professeren de Flashmob opgeféiert.







Adresse:
+352 72 87 15 - 1
Email: