Den 2.Juli 2013 huet d’2ème Optioun ‘Traditiounen a Gebräicher’ op de Vernissage vun hirer Ausstellung invitéiert. Hei hu si siwen DinA0-Panneauë virgestallt op deene Froe beäntwert ginn wéi Wisou heescht d’Bullett Bullett?, Wat bedeiten di réimesch Zuelen iwwert der Haaptentrée vum Iechternacher Kolléisch? Firwat gëtt een den 1.Abrëll ugeschmiert? a Wat bedeit Päischten? Bäi hiren Nofuerschungen haten d’Schüler ënnert anerem de fréieren Zeecheprofesser an Direkter vum 'Sites et Monuments' Georges Calteux agelueden, fir hinne mat sengem groussen an interessante Wëssen iwwert d'Geschicht an d'Gebailechkeete vum Iechternacher Lycée zur Säit ze stoen.
D’Ausstellung ass bis Enn Juli am Kräizgank ze gesinn.



Adresse:
+352 72 87 15 - 1
Email: