Am Kader vum Programm “Réagis-Lycées” hunn all Klasse vun 2C an 2G un enger Formatioun iwwert d’Réanimation cardiaque deelgeholl. No enger theoretescher Aféierung hunn d’Schüler d’Häerzmassage an den Asaz vum Defibrillator u realitéisnoe Mannequine geüübt. Dobäi konnten si feststellen datt et nëmme méiglech ass duerch eng intensiv Häerzmassage ee vun engem Häerzstëllstand betraffene Mënsch an d’Liewen zeréckzehuelen.

No der Vakanz huelen all Klasse vu 6e, 8e, 4C a 4G un dëser wichteger Formatioun deel. Et ass virgesinn datt all Schüler 3 Mol wärend senger Schoulzäit am Lycée d’Geleeënheet kritt d’Häerzmassage an de sécheren Ëmgang mam Defibrillator ze üben an doduerch prett ass fir am Noutfall kënne Mënscheliewen ze retten.