Vum 26. bis de 27. Mäerz huet och dëst Joer erëm de "Cooltour@LCE 2018" stattfonnt.  Um Stonneplang vun de Klasse vu 7e bis 4e stounge Workshops am Kader vun der universeller Suchtpräventioun.  An  Atelieren, wéi zum Beispill  Anti-Gewalt-Training, Meedercher stäerken, Peer-Mediation , Le monde africain, Körpereigene Drogen ... goung et  ëm Liewenskompetenzförderung a Perséinlechkeetsentwécklung ënner dem Motto " Vivre et savoir-vivre". E grousse MERCI un d’Madamm Diane Groff, Assistante sociale am LCE,  déi och dëst Joer erëm dofir gesuergt huet, dat eis Schüler déi lëscht Deeg virun der Ouschtervakanz e flotte Programm ugebuede kruten.