De Scienteenslab  - De Labo fir Jonker – ass den éischte Fuerschungslabo fir Lycées Schüler zu Lëtzebuerg um Campus vun der Uni Lëtzebuerg zu Esch/Belval.
D’Schüler vun der 2C krute wärend engem Dag en interessanten a flotten Abléck an déi alldeeglech wëssenschaftlech Fuerschungsaarbecht an engem Labo.
Beim Thema vum Dag “DNA on the tanning bed” hunn d’Schüler sech d’Fro gestallt wéi eng Wierkung  UV-Stralung op DNA vun der Bakterie Escherichia Coli huet. Dobäi konnten si, mat Kiddel an Händschen equipéiert, de ganze Versuchsprotokoll selwer duerchféieren an haten esou d’Geleeënheet verschidde Fuerschertechniken “hands-on” kennen ze léieren, mat Mikropipetten ze schaffen, d’DNA z’isoléieren, d’PCR-Method ëmzesetzen an eng Agarose Gelelektrophorese opzesetzen an auszewäerten.