D'4C4 war e Samschdeg, de 24. Mäerz a Begleedung vun hiren Enseignanten Racha Hamzeh an Anne Thill d'Theaterstéck “Monsieur Ibrahim et les fleurs du Coran” op Léck an den Théâtre Trocadéro kucken. Den Eric-Emmanuel Schmitt, Auteur vum Roman, war gläichzäiteg Schauspiller an dësem Stéck wat hien selwer als Theaterstéck ëmgeschriwwen huet. Den Eric-Emmanuel Schmitt ass an der Mëtt op der Photo ze gesinn.