De 25. Januar 2018 huet de Championnat am Volleyball 2vs2 fir junior(e)s mixte (non-affiliés) am Lycée Technique Mathias Adam Lamadelaine stattfonnt.

Vertruede war eise Lycée duerch zwou Equippen, déi jeeweils aus engem Meedchen an engem Jong bestan hunn. 

Un dësem Championnat hunn 11 Equippen (non-affiliés) aus de verschiddenste Lycéeë vum ganze Land géintenee gespillt.

Eng vun den zwou Equippe vum LCE huet sech gutt geschloen a konnt dobäi eng 3. Platz fir den LCE huelen.

Folgend Schüler a Schülerinnen aus dem LCE hunn um Championnat deelgeholl:

Platz: Emma REUTER a Sam KONSBRÜCK

Platz: Michelle NICKELS a Josy APEL

Coach: Jan Mikeska