D'Optioun Fairtrade aus dem LCE, an Zesummenaarbecht mat dem Berdorfer Eck, hat Sonndes, den 28. Januar, op e fairen a regionale Brunch invitéiert. Net manner wéi 110 Leit haten de Wee op Berdorf fonnt fir do an engem ganz flotte Kader en ausgezeechente Brunch ze genéissen an e gemittleche Sonndeg ze verbréngen. Merci de Schüler an dem Berdorfer Eck fir dëst flott Evenement! Hei nach e puer photographesch Andréck.