Am Kader vun der « Journée de la mémoire de l'Holocauste et de la prévention des crimes contre l'humanité » hunn d’Schüler vun de Klassen 5C4, 4GTG1, 3BD-1 an 2CBE, no enger kuerzer Aféierung, sech de Film « Wiedersehen mit Brundibar » ugekuckt. Zum Schluss hate si d’Méiglechkeet fir un enger Diskussioun iwwert d’Thematik vun dësem Documentaire deelzehuelen, déi vum Yves Steichen a vum Sam Hastert aus dem Centre national de l’audiovisuel (CNA) animéiert gouf.