No enger Bluttanalyse hunn sech haut de Moien 230 Schüler vun de Classes supérieures als Stammzellspender registréiere gelooss. Si goufe virdrun an engem Virtrag iwwert d’Wichtegkeet vun engem grousse Stammzellregëster informéiert.

D’Madamm Lieners, d’Mamm vum Yannick, dee selwer zënter 4 Joer u Leukemie erkrankt ass an de Plooschterprojet an d’Liewe geruff huet, war och selwer op der Plaz.

Zu Lëtzebuerg fënnt all 7. Leukemiepatient kee passende Spender, well net genuch Leit registréiert sinn.

De PlooschterProjet, eng Privatinitiativ, versicht op der enger Säit Leit fir dëse Problem ze sensibiliséieren an duerch en aktiv Hëllef kriibskranke Leit d’Liewen ze retten.