D’Schüler vun de Konschtsektioune – 3CE, 2CE, 1CE a vun der 2GCG hunn d’Ausstellung « Fractal FineArt », wou Konscht a Mathematik séch begéinen, besicht.

Et handelt sech ëm eng Form vun Digitalkonscht bei der Biller, déi aus Fraktale bestinn, um Computer no verschiddenen Algorithmen errechent ginn.

E Fraktal ass wéi d’Wuert et seet en Deel vu sech selwer. Fraktale kommen an der Natur an och an der Geometrie vir. Duerch Widerhuelbarkeet mat eventueller Verklengerung kënnen zum Beispill endlos Formgebilde entstoen.

Bei dëse faszinante Formwelten, déi den Naturformen no stoe kënnen, sinn d’Grenzen tëschent Realitéit, Dram an Onvirstellbarem verwëscht. Esou gëtt dat Onvirstellbart siichtbar gemaach.

Dës Biller ginn duerch en héichwäertegt Printverfahren op ënnerschiddlech Supporte gedréckt.

Den Artist Bernd Preiss huet d’Schüler duerch d’Ausstellung gefouert an dobäi versicht hinnen dës komplex Billerwelt méi verständlech ze maachen.