De 26. Oktober 2017 ass d’Qualifikatioun am Volleyball 6vs6 (2000-2003) fir den ISF ausgedroe ginn. Vertruede war den LCE duerch eng Meederchersequipe, déi géint 3 aner Equippen ugetruede sinn.

Eis Damen hunn sech gutt geschloen, konnten sech awer no engem gewonnen an zwee verluerene Spiller, mat der 2. Plaz am Gesamtklassement, net fir den ISF qualifizéieren.

Folgend Schülerinnen aus dem LCE hunn um Tournoi deelgeholl (vun uewen no ënnen, vu lénks no riets):

BOLLENDORFF Marie-Lou, KOOL Ilse, NAFZIGER Tabea, TIBESART Jeanne, GÖBEL Marie-Lee, SHALA Anjeza, KREMER Lana

Coach: Jan Mikeska