D’LCE-Fanfare huet zur Geleeënheet vun der Willibrorduskiermes den Hämmelsmarsch am Lycée gespillt. Uschléissend hunn d’Musikanten, trotz dem ville Reen, dës flott Traditioun op musikaleschem Wee an Iechternach erausgedroen andeems si den Hämmelsmarsch an aner bekannte Lëtzebuerger Kiermeslidder gespillt hunn.

Dobäi hu si dem groussen Iechternacher Chrëschtbam, deen op d’Maartplaz stoe kënnt, e musikaleschen Empfang gebueden.