D’Thema Fräiheet emol anescht erfaasst an erschafft! Dëst brisant Thema stoung am Mëttelpunkt vun ganz verschiddenaartege Workshops, déi an Zesummenaarbecht mam “Zentrum fir politesch Bildung a mam Cedom (BnL) den 8. November am LCE stattfonnt hunn.

Nom aféierenden an ureegende Concert am Spigelsall iwwert d'Thema FRÄIHEET, haten d’Schüler vun de Klasse 7C1, 8T1, 2G a CLJA während zwou Stonnen d’Méiglechkeet dëst Thema ze beliichten a kreativ ëmzesetzen, sief et duerch d’Schreiwen vun engem kuerzen Text, d’Komponéieren vun engem klénge Museksstéck, d’Aprouwen vun engem Sketch oder duerch d’Entwerfen vun engem Plakat. D'Artiste vum Spektakel, d’Enseignanten a besonnesch d’Museks- an d’Zeechenenseignanten hunn d’Schüler dobäi begleet. Als Ofschloss vun de Workshops konnten d’Schüler d'Resultat am Spigelsall op der Bühn virum Plenum weisen oder virdroen.