E mega Event am Trifolion! Samschdes, de 28. Oktober 2017 beim grousse “Concert Interculturel” hunn “Die Singenden Primaner” an de « Proffechouer », zesumme mat der Classe de de percussion latine vun der Ecole de musique régionale d’Echternach, mam Orchestre symphonique de jeunes aus dem Conservatoire du Nord an dem chileneschen Ensemble instrumental fir Stëmmung mam folkloristesch inspiréierte Lidd « Gracias a la Vida » vun der chilenescher Sängerin a Komponistin Violeta Parra, gesuergt.

D’LCE Primanerinne vun der Section A hunn op Spuenesch duerch de Programm geféiert a konnten hir Spuenesch Kenntnisser ënner Beweis stellen.