D’Schüler vun der Ire A haten am Kader vum interkulturellen Austausch mat hire chilenesche Kollegen d’Méiglechkeet fir hir spuenesch Kenntnisser an d’Praxis ëmzesetzen. Si konnten hir Froen op Spuenesch un d’Kollege vu Vina del Mar adresséieren a mat hinnen op Spuenesch kommunizéieren.

Nomëttes hunn si de chilenesche Museker den LCE presentéiert an dat natierlech op “Spuenesch”.