Am Kader vum Austausch mat jonke Museker aus der «Escuaela Popular de Artes» vu Vina del Mar (Chile) huet Freides, de 27. Oktober 2017, e musikalesche Workshop mat latäinamerikanesche Rhythme stattfonnt. Dobäi hunn d’Schüler vun der “Septième musicale” (7C1 a 7G1) zesumme mat hire chilenesche Kollege musizéiert a verschidde fir si nei Instrumenter entdeckt an ausprobéiert.

Uschléissend hunn de Proffechouer an de Primanerchouer e chilenescht Lidd astudéiert fir Samschdes beim Ofschlossconcert am Trifolion, begleet vun dem chileneschen Ensemble instrumental, der Classe de percussion latine vun der Ecole de musique régionale d’Echternach an dem Orchestre symphonique de jeunes aus dem Conservatoire du Nord, opzeféieren.