Den 9. Oktober 2017 hate mir déi grouss Éier de Jean Asselborn, Ausseminister an Europaminister an eiser Schoul empfänken ze kennen. No engem interessanten Exposé iwwert déi aktuell Situatioun vun Europa huet hie sech am Spigelsall de Froe vun de Schüler vun der 2CB, 2CD, 2CE gestallt. Dobäi ass eisen Ausseminister net midd ginn ze betounen, datt an eiser „nervöser Welt“, d’Europäesch Unioun, déi als Friddensprojet nom 2. Weltkrich gegrënnt gouf, hautdesdaags méi wichteg wéi je ass. Duerno huet den Ausseminister d’SchülerInne vun eiser CLIJA+ Klass besiicht. D’Flüchtlingen aus Syrien, dem Irak, dem Afghanistan ..., déi säit enger Woch Franséisch léieren, ware ganz frou, sech dem Minister schonns op Franséisch virstellen ze kennen.

An eiser Newsletter am Dezember an eiser Chronik, dem ANNO 17/18, wäerte mir op dës Konferenz méi genau agoen.