D´Jugendparlament ass eng Plattform, déi et de Jugendlechen erméiglecht zu politeschen a sozialen Themen hir eege Meenung ze soen. Am Jugendparlament ginn Aktualitéitssujeten diskutéiert a Propositiounen ausgeschafft, déi un d'Ministère an d'Chamber adresséiert ginn.

En Dënschden, den 3. Oktober 2017 hu Membere vum Jugendparlament eise Schüler vu IVe hir Organisatioun virgestallt a versicht nei Memberen ze rekrutéieren.  Dobäi ass déi aktuell Fro, ob homosexuell Koppele Kanner adoptéieren däerfen  kontrovers diskutéiert ginn, woubäi den interaktive Voting System eng Simulatioun, wéi an der Chamber erlaabt huet. Sou hunn eis Schüler dee Moien e kléngen Abléck an eng parlamentaresch Debatte kritt.