Back to LCE !

Fir ronn 900 LCE-Schüler aus de béiden Ordre d’enseignement – Secondaire Classique a Secondaire Général » huet et dësen 19. September geheescht fréi opstoe fir zer Zäit an der Schoul ze sinn. En neien Ufank also ! No der Usprooch vum Här Direkter Trauffler goung et op d’Sich nom Klassesall an dat no de neie Klassebezeechnungen. 4C et 4G oder nach besser 4GPS, respektiv 2CLA, - déi nei Bezeechnungen wäerte wuel nach eng Zäit laang ongewinnt bleiwen. Bei all deem haten d’Schüler sech vill Neies ze erzielen.

Mir wënschen eise Schüler vill Erfolleg an dësem Schouljoer!