E Méindeg, den 18. September, haten déi 205 « nei » Septimaner hir virgezunne Rentrée.  Den Accueil vun den 10 Septièmen war am Trifolion. Vun hei aus gounge si mat hirem Regent oder mat hirer Regente an déi sougenannte « Septimanersäll » an d’Haaptgebai vum LCE a kruten déi néideg Aweisungen an Explikatiounen, nieft enger Visite guidée duerch dat grousst Schoulgebai.

D’Direktioun vum LCE wënscht alle Schüler vill Erfolleg am Schouljoer 2017-2018!