De 6. Juli 2017 ass en Tournoi am Beach-Volleyball 2vs2 (open) am Stade Boy Kohnen zu Zéisseng ausgedroe ginn.

Um Championnat hunn insgesamt 14 Jongen- an 10 Meederchersequipen aus verschiddene Lycéeë géintenee gespillt. Den LCE war mat mat enger Meederchers- an enger Jongenequipe vertrueden.

D’Meederchersequipe huet bis zum Schluss top gespillt. Wéinscht der staarker Hetzt konnten eis Spillerinnen sech an der Finale net mei duerchsetzen, hu sech awer eng gutt 2. Platz geséchert.

D’Jongen hu sech gutt geschloen, konnten awer d’Véierelsfinallen net erreechen.

Fir den LCE hunn um Championnat deelgeholl:

Jongenequipe: APEL Josy, ELIAS Martin an HOFFMANN Max

Meederchersequipe: BOLLENDORFF Anne-Catherine a KARTHEISER Laura

 

Coach: Jan Mikeska