De Septimanerchouer, d'7O4 an d'CLIJA+ Klass hunn zu Berduerf am Tritone Studio hiren CD Ha, ha, ha opgeholl. D'Schülerinne vum Septimanerchouer hunn hir 3 Lidder Hausaufgaben, Et ass Weekend an Ha, ha,ha! selwer geschriwwen. D'7O4 huet op dem Ed Sheeran säi Stéck Shape of you, en neien Text geschriwwen an d'CLIJA+ Klass interpretéiert op eng aussergewéinlech Aart a Weis Ons Heemecht.