D’Kinder-und Jugendbuchautorenresidenz, besser bekannt just als “Struwwelpippi”, huet zu Iechternach schon eng länger Traditioun. All Joers kënnt en däitschsproochege Schrëftsteller/in fir ee Mount op Iechternach, fir hei um kulturelle Liewen deelzehuelen. Dëst Joer ass de Choix op d’Madame Christina Erbertz gefall. D’Schüler vun der 7O4 konnte sech  freeën, datt si fir eng Liesung an eis Schülerbibliothéik komm ass. Dobäi huet si aus hirem Buch “Drei (fast) perfekte Wochen” virgelies an sech duerno vill Zäit geholl, fir déi vill Froe vun eise Schüler ze beäntwerten.