Den neie Fändel fir d’Iechternacher Spranprëssioun gouf vum Danielle Goergen, Schülerin vun der Section artistique, realiséiert.
Ausgangspunkt fir dëse Projet war e Concours, dee vum Willibrordusbauveräin fir d’IIeE ausgeschriwwe gouf. Genee Oplage fir d’Gestaltung vum Fändel fir d’Sprangprëssioun, dee souwuel an der Entrée vun Iechternach, wéi och an der Haaler Gaass kéint opgehaange ginn, ware virginn. Eng echt Erausfuerderung fir d’Elève vun der IIeE ! Déi dräi bescht Projete goufe vum Jury zeréckbehalen a mat engem Geldpräis priméiert. Dobäi goung den éischte Präis un d’Danielle Goergen, den 2. Präis un d’Julie Kihn an den 3. Präis un de Jacques Ernzer.
An e puer Deeg wäert d’Konschtwierk bis no der Sprangprëssioun an Iechternach ze gesi sinn.
E grousse Merci geet un de Willibrordusbauveräin fir déi gutt Zesummenaarbecht mam Lycée an d’Präisiwwerreechung, déi den 19. Mee 2017 an engem sympathesche Kader am Infozenter vun der Basilika stattfonnt huet.
Am Sënn vun der “Ouverture” vum LCE no baussen, freet sech d’Section artistique vum LCE fir geleeëntlech mat externe Partner zesummeschaffen ze dierfen.






Adresse:
+352 72 87 15 - 1
Email: