E Mëttwoch, de 17. Mee 2017, hunn d’Schüler vun der d'703, der 2G an der Classe d’insertion pour jeunes adultes (CLIJA), de Septimanerchéierchen, de Popchouer, de Proffechouer an Die Singenden Primaner von Echternach am Spigelsall en ofwiesslungsräichen Hausconcert gebueden. Lidder vu verschiddene Stiler, vu Schüler geschriwwe Liddtexter a selwer komponéiert Melodien op eng originell Manéier instrumental begleet, hunn nieft e puer solisteschen Einlagen d’Qualitéit an d’Originalitéit vun der musikalescher Prestatioun ausgemaach. Dëse gutt besichte Concert, vun der “musikalescher” Schoulgemeinschaft ugebuede fir Schüler, Elteren an Enseignanten, gehéiert zu den echten Traditioune vum Iechternacher Lycée. E grousse Merci geet un all “LCE-Singers” an un eis béid Musiksenseignantë Monique Schumann a Georges Urwald fir hiren Asatz fir eis Schoul um kulturellen a musikalesche Plang.















Adresse:
+352 72 87 15 - 1
Email: