Bei schéinem Wieder hunn 213 Schüler vum LCE um Sponsored Run 2017 deelgeholl a si fir Kanner aus dem Kosovo, dem Mali an dem Sud-Soudan gelaf. Den Erléis ass bestëmmt fir dräi Projete vun den ONGe “PADEM, CARITAS an HANDICAP INTERNATIONAL”. Medezinesch Equipementer an d’Ausbildung vum Personal wat domadder schaffe soll, gi mat dëse Fonge finanzéiert.

De Comité vun “Health, Education, Life, Peace” – H.E.L.P. asbl. seet alle Leeferinnen a Leefer, wéi och de Sponsoren häerzlech Merci!