Um leschte Schouldag virun der Ouschtervakanz konnten eis Schüler vun der 11ePS, der IIIe C an der IIe C engem interessante Virtrag vum Dr. Edgar F. Bettendorff, pensionéierte Chefchirug aus der Wëltzer Klinik, nolauschteren. Den Dr. Bettendorff, en Ancien vun eiser Schoul, huet eise Schüler mat Begeeschterung vu senger Aarbecht als Volontaire fir  déi belsch ONG „Médecins sans Vacances“ erzielt. Dobäi huet hie virun allem vu senger Missioun am Kongo erzielt, wou hien iwwert Jore während sengem Congé gehollef huet, eng Klinik mat medezineschem Material, dat zu Lëtzebuerg net méi gebraucht gëtt, auszestatten. D’Devise vun dëser ONG ass: Le savoir guérit! Hiert Haaptuleies ass et bei der Ausbildung vum medezinesche Personal a 5 afrikanesche Länner ze hëllefen. Sou konnt an de leschte Joer duerch benevole Dokteren an Infirmieren an 39 Spidäler d’Qualitéit vun de medezinesche Soine verbessert gëtt. Duerch dëse Virtrag hunn eis Schüler, déi sech zum groussen Deel fir medezinesch Beruffer interesséieren, en Abléck an déi prekär Situatioun vun afrikanesche Klinike kritt. Och konnten si gesinn, wéi duerch de benevollen Asaz vun engagéierten lëtzebuergeschen Dokteren an d’Infirmieren um Terrain grouss Verbesserunge erreecht goufen.