Den 23. Mäerz 2017 war den LCE duerch zwou Equippen, déi jeeweils aus engem Meedchen an engem Jong bestan hunn, um Championnat am Volleyball 2vs2 fir Junior(e)s mixte (non-affiliés) am Lycée Aline Mayrisch Luxembourg, vertrueden.
Dobäi hunn 9 Equippen (non-affiliés) aus verschiddene Lycéeë géintenee gespillt.
D’Equippe vum LCE hu sech gutt geschloen a konnten sech dobäi eng 4. a 5. Platz sécheren.
Fir den LCE hunn um Championnat deelgeholl:
Michelle NICKELS a Sam KONSBRÜCK - 4. Platz
Fabienne RECH a Tun Schroeder - 5. Platz
Coach: Jan Mikeska



Adresse:
+352 72 87 15 - 1
Email: