De 16. Mäerz huet d’Associatioun “Parkinson Luxembourg” hire Logo a Rollup fir “25 Joer Parkinson ohne Grenzen” am LCE, virgestallt. D’Schüler vun der IIe E haten am Kader vun engem Concours Logoen zu dësem Thema ausgeschafft. Vun den 9 verschiddene Proposë gouf dem Danielle Goergen säi Projet zeréckbehalen. Duerno huet d’Danielle e Panneau fir “Parkinson ohne Grenzen” entworf a säi Logo an dës faarwefrëndlech a symbolesch relevant Graphik integréiert. Den Här Thierry Lentz, President vu "Parkinson Luxembourg", huet Explikatiounen iwwert seng Associatioun an de Projet am Kader vun dem 25. Anniversaire ginn. Als Merci fir d’Participatioun um Concours kruten d’Schüler vun der IIeE e Cadeau iwwerreecht.