De 9. Mäerz 2017 hu 4 Schüler vum LCE um Dëschtennischampionnat an de Katégorien A/B/C deelgeholl. De Josy Apel, Sébastien Bonert a Luc Kohnen hu bei de Jongen an der Kategorie A/B gespillt, d’Annick Bonert bei de Meedercher an der Kategorie C.

D’ Annick huet déi 3. Plaz ënnert 6 Konkurrentinne beluecht. D’ Jongen hunn et alleguer bis an 1/8 Finale gepackt.

Si beleeën domat alleguer eng 9. Plaz ënnert 20 Konkurrenten.

Coach : Bermes Ralph