E Freiden den 10.03.2017 haten d'Schüler vun der IIèmeC d'Geleeënheet, fir ganz interessant Biologie moléculaire's TP'en am ScienteensLab vum LCSB op der UNI.LU op Esch/Belval duerchzeféieren. 
Am top ausgerëschte Labo konnten si Technike wéi PCR a Gelelektrophorese uwenden, an de Froen nogoen a wéi engem Mooss UV Liicht eis ADN zerstéiert an doduerch Kriibs ausléist, an op Sonnecrème wierklech schützt.