Dëst Joer huet den LCE mat 183 Schüler an deene verschiddene Kategorien un der ”Olympiade Mathématique Belge” deelgeholl. 16 Schüler konnte bei der Halleffinal matmaachen (Photo).

Den Tim Conzemius (IIIe) huet sech fir d’Final qualifizéiert, déi de 26 Abrëll zu Namur stattfënnt.

Mir wënschen him vill Erfolleg !