Fir di 24 bescht qualifizéierte Schüler ënnert 2235 huet d’Final vun der 10. Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad de 16. Februar 2017 am Lycée Michel Rodange stattfonnt.
D’Schüler hunn sech an Equippen zu dräi während 3 Stonnen an de Beräicher Biologie, Chimie a Physik mam Thema « Energie für die Zukunft » auserneegesat.
De Jang Kapgen huet mat sengem Team déi ganz gutt 4. Plaz gemaach. Den Daniel Stors huet souguer den Exploit fäerdeg bruecht mat senger Equipe déi 2. Plaz ze maachen an ass domat qualifizéiert fir déi europäesch Naturwëssenschaftsolympiad (EUSO) déi vum 7. bis de 14. Mee 2017 zu Kopenhagen an Dänemark ofgehale gëtt.
Felicitatioune fir di 2 Schüler aus dem LCE!





Adresse:
+352 72 87 15 - 1
Email: