Am Kader vum Projet „Supporting Hands for Autism" huet den 3. Mäerz 2017 den Här Pierre Christen vun der „Fondatioun Autisme Luxembourg“ d’ Schüler vun der 10e PS, 11ePS, 3eC an 2eC iwwert des Krankheet opgekläert an d'Aarbecht vun der Fondatioun virgestallt. Dës Veranstaltung, déi am Spigelsall vum LCE stattfond huet, gouf vun de Schülerinnen Elena Beckers, Anastasya Korpussenko,Laura Maes a Vanessa Rosselli organiséiert. D'Zil vun der Veranstaltung war et de Schüler dës Entwécklungsstéierung z’erklären a Benevollen ze sichen, déi d'Fondatioun bei Ausflich a Vakanzekolonien ënnerstëtze wëllen.






Adresse:
+352 72 87 15 - 1
Email: