Och dëst Joer hu mir erëm op Vältesdag mat onser Aktioun #Fairlove fir Opmierksamkeet gesuergt. Net manner wéi 75 Rousen hu mir verdeelt a bestëmmt fir di eng oder aner Iwwerraschung gesuergt. Doriwwer eraus geet et awer och drëm op de fairen Handel opmierksam ze maachen. Nieft deene positive sozialen Aspekter bréngt d'Blummenzuucht awer och ekologesch Virdeeler. Wousst dir zum Beispill, dass di fair Rousen aus dem Kenia (Zuucht an Transport mam Fliger) manner CO2 verursaachen, wéi Rousen déi an Europa an Zäre geziicht ginn? Firwat? An Afrika wuessen se ënner natierleche Klimaverhältnisser wougéint se an Europa ganz vill Energie fir Beheizung, Beliichtung a Bewässerung brauchen. An deem Sënn: Let's share #fair love!



Adresse:
+352 72 87 15 - 1
Email: