De 12. Februar ass den internationale Gedenkdag un d’Schicksal vun de weltwäit 250.000 Kannerzaldoten.
Honnertdausende rout Hännofdréck ginn a méi wéi 50 Länner gesammelt a vun de Politiker aus deenen eenzele Länner un d’UNO weider gereecht.
Eis Schüler vu 5e an 9e hunn, nodeems si am Fach “Vie et Société” Informatiounen iwwert d’aktuell Situatioun vun de Kannerzaldote kritt haten, hir Hand am Cours d’Education artistique mat rouder Faarf ofgedréckt.
E Méindeg, den 13. Februar hunn d’Schüler vum LCE sech virun der Haaptentrée vum LCE versammelt fir hir Solidaritéit mat de Kannerzaldoten auszedrécken. Dobäi goufe verschidden Texter zum Thema virgelies. Uschléissend huet eng Delegatioun vun dëse Schoulklassen déi rout Hännofdréck an d’Iechternacher Grondschoul gedroen. Zesumme mat de Kanner aus der Grondschoul hunn si dem Här Buergermeeschter Yves Wengler hir rout Hännofdréck iwwereecht. Hien iwwermëttelt dës un de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn, dee se bis an d’Uno weiderreecht.
E grousse Merci geet un d’Enseignantë vun de Fächer “Education artistique” a “Vie et Société”, déi dës Aktioun mat de Schüler preparéiert haten.









Adresse:
+352 72 87 15 - 1
Email: