D’Amicale des Anciens vum Lycée classique vun Iechternach hat e Samschdeg, den 11. Februar 2017, déi 4. Journée d’Information Professionnelle (JIP) fir d’Schüler vu Ire bis IIIe a vun 13e bis 11e   an de Raimlechkeete vun der aler Abtei  organiséiert.

Géint 9 Auer war déi offiziell Ouverture vun der JIP am Spigelsall ënnert der Präsenz vun der Madame Minister Carole Dieschbourg. An hirer Usprooch huet si déi jonk Leit derzou motivéiert mat der néideger Flexibilitéit hire perséinleche Wee an der Beruffswelt ze sichen.

Uschléissend haten d’Schüler bis 11.30 Auer d’Méiglechkeet fir mat ongeféier 50 Vertrieder aus der Beruffswelt Kontakt opzehuelen. An engem perséinleche Gespréich konnten si den Experten hir Froen iwwert déi verschidde Beruffer an Aarbechtsméiglechkeete stellen. Dobäi waren déi ënnerschiddlechste Beruffsstänn gutt vertrueden: Entrepreneuriat, Journalismus, Consulting, Logistik, Schoul an Erzéiung, Architektur, Management, Banken an Assurancen, Gesondheetsberuffer, Affekoten, d’Magistratur, ...  D’Schüler hu gäre vun där Offer profitéiert, fir de Professionnelle Froen iwwert hier Studien a hire beruffleche Parcours ze stellen.

E grousse Merci geet un de Sponsor vum Dag - der Banque BGL BNP Paribas a Cardif Lux Vie- an un d’Amicale des Anciens vum Iechternacher Lycée, den Organisateur vun der JIP 2017.

Weider Photoen op dësem LINK!