Mat grousser Begeeschterung hunn d'Schüler vun de 8èmen Donneschdes, den 2. Februar, zu Ettelbréck um "Freestyle Tour 2017" deelgeholl. Am Kader vum nationale Programm "gesond iessen, méi bewegen" konnten d'Schüler méi aussergewéinlech Sportaarten, wéi Capoeira, Breakdance, Skateboard, Footbag a Parcours, kenneléieren an ausprobéieren. Fir d'Mëttegiesse konnte si sech selwer e Sandwich preparéieren mat lauter frëschen, gesonde Liewensmëttel a selwergemaachten Zosen.

Organiséiert vum SNJ an an Zesummenaarbecht mat der "Freestylecrew Lëtzebuerg" hunn d'Schüler een immens flotten Dag verbruecht an hate vill Freed a Spaass.

D’Photoe ginn Iech en Abléck an déi éischter méi aussergewéinlech Aktivitéiten.