Den 02. Februar 2017 sinn d’Championnater am Schwammen an der Stad um Geesseknäppchen ausgedroe ginn.
Den LCE war mat enger grousser Equipe vu 14 Schwëmmer opgestallt.
De Pol Mannes(1x Gold an 3x Sëlwer), den Arthur Denter (1x Gold an 1x Sëlwer), d’Chantal Ter Heegde (1x Sëlwer an 1x Bronze), den Olivier Michiels (1x Sëlwer) an d’Zoé Jeitz-Wampach (1x Bronze) konnte sech duerch hir gutt Leeschtung am Schwamme verschidde Medaile sécheren.
Insgesamt hunn folgend Schüler aus dem LCE um Championnat am Schwammen deelgeholl an dobäi eng gutt Leeschtung gewisen: Louis Classen, Ben de Boer, Arthur Denter, Cédric Goedert, Zoé Jeitz-Wampach, Pol Mannes, Olivier Michiels, Patrick Michiels, Charel Schalz, Martin Schiltz, Lena Schröder, Théo Simmonds, Chantal Ter Heegde a Jo Weidert.
Coach: Jan Mikeska



Adresse:
+352 72 87 15 - 1
Email: