Vum 13. bis de 15. Januar 2017 hunn d'Magalie LECH an den Noah KIHN den LCE bei de Lasel-Ski-Meeschterschaften zu Adelboden an der Schwäiz vertrueden.

D'Course sinn dëst Joer op der berühmter FIS-Weltcup-Pist vum Chuenisbärgli gefuer ginn.
Den Noah KIHN huet sech bei de Jongen am Slalom an am Riseslalom zweemol als exzellenten 2. klasséiert, während d'Magalie LECH bei de Meedercher am Slalom op déi 3. Plaz gefuer ass.