80 Schülerinnen a Schüler hunn den 19. 12. 2016 d'Halleffinall vun der Naturwëssenschaftsolympiad bestridden. Si haten 180 Minutte fir Aufgaben an de Beräicher Chimie, Physik a Biologie ze léisen. 4 Schüler aus dem LCE ware mat derbäi: Daniel STORS, Jang KAPGEN, Philippe WEIDES (all 3C) a Jérémy WENNER (4M3). Déi 24 bescht Schüler no der Qualifikatioun an der Halleffinall (d’Resultat vun der Qualifikatioun huet 1/3 an d’Resultat vun der Halleffinall 2/3 gezielt) sinn zur Finall zougeloos. Den Daniel STORS an den Jang KAPGEN konnte sech duerchsetzen an huelen de 16. Februar am LMRL un der Finall deel.



Adresse:
+352 72 87 15 - 1
Email: